SCHOUL AN DER DÄLLT - Munsbach

Like Schoul an der Dällt - Newsletter Mars 2017 on Facebook

 

Newsletter  Mars 2017



Don vun 3.500,- € un
d'Association Thérapie Équestre a.s.b.l.

Mam Erléis vun der Kaffisstuff an dem Bazar während eiser Kleeserchersfeier a mat der Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng, war et der Schoul an der Dällt méiglech der Reittherapie (atelux.lu) vu Monnerech en Don vun 3.500 € z'iwwerreechen.




Projet Jippelcher (27. Mäerz – 7. Abrëll 2017)
 
Zesumme mat dem Klengdéierenziichterveräin aus der Schëtter Gemeng huet d’Schoul e Projet „Jippelcher“ organiséiert.
Zënter e Méindeg waarde mir mat Spannung drop, wat am Brutkasten geschitt
.

En Dënschdeg war et esou wäit. Déi éischt Jippelcher sinn aus hiren Eeër geschlüpft an d’Begeeschterung bei de Kanner an den Enseignanten ass grouss!
 

 
Sou bal déi kleng Déiere ganz dréchen a staark genuch sinn, gi si vum Brutkasten eriwwer an e waarmt Gehege gesat, wou jidderee se gutt beobachte kann a si gutt versuergt sinn.
 
An eiser Bibliothéik ass eng Bicherausstellung mat flotte Bicher iwwert d’Thema „Eeër, Jippelcher & Hénger“
Ausserhalb vun de Schoulzäiten kann een de Jippelcher duerch d’Vitrine vun der Schoulbibliothéik nokucken.
Kommt einfach bis laanscht!
 
Eise Projet leeft bis Freides virun der Ouschtervakanz!
 
Den Oskar leet en Ee

E Mëttwoch, den 29. Mäerz hate mir flotte Besuch an der Schoul. D‘Klassen aus dem Cycle 1 & 2 kruten e lëschtegt Theaterstéck virgespillt: „Den Oskar leet en Ee“.
Am Kader vun eisem Projet „Jippelcher“ huet d’Theatertrupp „Kuliss asbl“ eis e Stéck presentéiert, wou natierlech en Ee d’Haaptroll gespillt huet…..
 



 
 
Office nationale de l'enfance
 

 

Download


Schoulbuet 2016/17

 





 

       

 

 

Copyright © 2017 Schoul an der Dällt, All rights reserved.


Email Marketing Powered by Mailchimp
unsubscribe from this list | update subscription preferences