SCHOUL AN DER DÄLLT - Munsbach

Like Schoul an der Dällt - Newsletter Dezember / 2014 on Facebook

 

Newsletter Dezember / 2014



Dat ganzt Personal vum Campus an der Dällt wënscht Iech alleguer schei Chrëschtdeeg an e gutt Rutsch an dat neit Joer.

 

Chrëschtmaart a Kaffistuff zu Gonschten vun der ASTM

De 5. Dezember hat de Kleeschen d'Schoul besicht.

D'Schoulkanner, an Zesummenaarbecht mat dem Schoulpersonal, den Elterevertrieder an der Gemeng hunn eng ganz flott Feier organiséiert.

Am Kader vum PRS ass och en Chrëschtmaart, esou ewéi eng Kaffisstuff organiséiert ginn, wou den Erléis fir ASTM geduecht ass.

Duerch dee grousse Succès vu Chrëschtmaart an Kaffistuff sinn iwwer 2.000 € erakomm, déi un d'ASTM iwwerreecht wäerte ginn.

Hei ënnendrënner ass och eng kleng Informatioun, wei een Projet d'Gemeng an d'Schoul sech zesummen ausgesicht hunn, an mat deem Don ënnerstëtzen wëllen.
 
 

Projet Schoul an der DälltASTM

 

D’ASTM schafft zesumme mam Grupp SANTULAN an Indien. Si hëllefe Kanner an hire Familljen, déi do am Steebroch schaffen. D’Elteren hu keng Méiglechkeet, hier Kanner an eng Schoul ze schécken, si gi matt hinnen op d’Aarbecht a wann se staark genuch sinn, schaffe si matt.

Dachs gëtt et an Indien kee Recht op Bildung, sou wéi dat bei eis de Fall ass. Santolan well hëllefen, dass dës Kanner awer liesen a schreiwe léieren an eng besser Zukunft kréien, andeems si Léierpersonal op d’Plaz schécken oder versichen, an der Géigend vum Steebroch eng Schoul ze bauen. Och versichen se, d’Regierung dozou ze bréngen, dass si agesinn, dass Kanner e Recht op Bildung hunn an dass d’Regierung d’Infrastrukturen iwwerhuelen.

Den 10. Dezember kréien d’Malala Yousufzai an de Kailash Satyarthi de Friddensnobelpräis. D’Malala setzt sech och an fir e Recht op Bildung an de Kailash kämpft géint Kannerschännerei an Indien.

Dëst ass just een Deel vum Projet, wann dir Iech méi fir dës Associatiounen interesséiert, hei hier Adress: www.astm.lu / www.santulan.org

  

Office nationale de l'enfance

 

 

Fotoen:

Projet
Sandulan (Indien)

 




 








       

 

 

Copyright © 2014 Schoul an der Dällt, All rights reserved.


Email Marketing Powered by Mailchimp
unsubscribe from this list | update subscription preferences