SCHOUL AN DER DÄLLT - Munsbach

Like Schoul an der Dällt - Newsletter Oktober / 2014 on Facebook

 

Newsletter  Oktober / 2014



D'Schouljoer 2014/15

D'Schouljoer 2014/15 ass elo e puer Wochen un,an wei all Joer ass den Ufangsstress elo an d'Normalitéit iwergaang.
Mir hun och e puer nei Enseignant'en an eis Schoul kritt:
  • Den Alain Guillaume am Cycle 2
  • Den Dorian Proietti am Cycle 4
  • D'Anne Wagner am Cycle 3

Verschidden Infoen:

Aus Sécherheetsgrënn géife mir Iech och bieden, net an de Schoulhaff ze kommen.
  • Fir de Cycle 1 fänkt de Schoulhaff hannert der metallener Päertchen un.
  • Fir de Cycle 2-4 fänkt de Schoulhaff hannert der Clôture un.

Denkt och drun, dass Äer Kanner esou vill wéi méiglech de Schoultransport benotzen.

Wann Dir d'Kanner mam Auto bei d'Schoul bréngt an dobäi de Kiss & Go benotzt, dann loosst d'Kanner just do raus, a maacht dann nees Plaz fir déi nächst Elteren.

 
De Kiss & Go ass keen Parking

Falls Dir awer  méi laang um Campus bleift, dann benotzt w.e.g. de Parking bei der Sportshal.

 

 

Dënschdes, den 30. September  huet de Buergermeeschter Nicolas Welsch d'Monette Weis-Scheider mat engem Bouquet Blummen op sengem läschte Schaffdag iwwerrascht.
 
D'Monette Weis-Scheider ass den 1.10.2014 an seng wuelverdéngten Pensioun gaang.
 
D'ganz Schoulpersonal seet dem Monette e groussen Merci fir déi wäertvoll Aarbecht, déi et an all deene Joeren hei zu Mënsbech an der Schoul geleescht huet!





 

Lasep Spillcross am Ellergronn (16.10.2014)

Zesummen mat 28 Kanner huet d'Lasep Schëtter um Spillcross 2014 am Ellergronn zu Esch/Uelzecht deelgeholl. Ons gouf en Trepllëltour vun 5 km am Bësch proposéiert, mat 7 verschiddene Sportstatiounen.

Drauwelies, den 17. Oktober 2014
Cycle 2 Team Nadine, Anne, Joëlle, Alain

 
  

Office nationale de l'enfance

 

 

Schoul Agenda


23 Oktober 2014
Lasep > Cross Ettelbreck

4 November 2014
C4.2 > Informatiounsversammlung fir d'Elteren

11 November 2014
C2.2> Kulturhaus, Niederanven

12 November 2014
C3.2> Naturmusée

26 November 2014
C4.1 > Musée nationale d'histoire naturelle

3 Dezember 2014
C4.2 > Musée nationale d'histoire naturelle

5 Dezember 2014
Nikloosfeier mat Bazar a Kaffisstuff

20 Dezember 2014
Début vacances

 


 

Bibliothéik - Info

Buchtipp zum Schauen, Lesen, …
Zuhören und Mitmachen !

Oktober 2014
 
Kennst du schon den Tiptoi-Stift und die dazugehörigen Bücher ?

Du kannst dir in dieser Serie nicht nur die farbigen Bilder anschauen und den Text dazu lesen (oder vorlesen lassen), sondern mit Hilfe des Tiptoi-Stifts erfährst du noch viel mehr zum gewählten Thema, du bekommst verschiedene Spiele und Lieder vorgestellt.




In diesem interaktiven Sachbuch lernst du die Tier- und Pflanzenwelt besser kennen und bekommst Lust auf einen Ausflug in die Natur, nicht nur jetzt im Herbst.

In unserer Schulbibliothek gibt es auch noch zu vielen anderen Themen passende Bücher der Serie „Wieso ? Weshalb ? Warum ?“
Komm einfach mal vorbei und schau dich um.



Informationen über alle verfügbaren Bücher oder um ein Buch zu reservieren

 

       

 

 

Copyright © 2014 Schoul an der Dällt, All rights reserved.


Email Marketing Powered by Mailchimp
unsubscribe from this list | update subscription preferences