SCHOUL AN DER DÄLLT - Munsbach

Like Schoul an der Dällt - Newsletter Oktober / 2013 on Facebook

 

Newsletter  Oktober / 2013



d'Schouljoer 2013/14

D'Schouljoer 2013/14 ass elo seit 4 Wochen un,an wei all Joer ass den Ufangsstress elo an d'Normalitéit iwergaang.
Dëst Joer ass och fir d'éischt, wou eis Schoul ganz zou ass während de Schoulstonnen, sou dass een muss bei der Haaptentrée schellen, wann een moies no 8 Auer, resp. mëttes no 14 Auer wellt an d'Schoul kommen.

Denkt och drun,  dass Äer Kanner esou vill  wéi méiglech de Schoultransport benotzen.

Wann Dir d'Kanner mam Auto bei d'Schoul bréngt an dobäi de Kiss & Go benotzt, dann loosst d'Kanner just do raus, a maacht dann nees Plaz fir déi nächst Elteren.


De Kiss & Go ass keen Parking

Falls Dir awer  méi laang um Campus bleift, dann benotzt w.e.g. de Parking bei der neier Sportshal.


 


Assemblée Générale des Parents d'élèves & Elections des Représentants des parents d'élèves

Dëst Joer gin dann och nees nei Représentants des Parents d'élèves gewielt, an dat

Donneschdes, den 24.10.2013 um 19.00 Auer

während der Assemblée Générale des Parents d'élèves am Bichelgréitchen. Mir wäre frou, wann dir alleguerten dohinner géift kommen, an e flotten Diskussiounsowend mat eis géift verbréngen.
Heimatt soe mir och  den Elterevertrieder, déi während 2 Joer mat eis zesumme geschafft hunn Merci.


Molconcours AirRegioun

Zum Schluss vum läschte Schouljoer hat eis Schoul beim Molconcours AirRegioun matgemaach. Dëse Concours stoung ënnert folgendem Motto:

Die Mobilität in der AirRegioun
'Zu Fuss, per Fahrrad, Bahn Bus und Auto unterwegs in Contern, Niederanven, Sandweiler, Schüttringen und der Stadt Luxemburg'

Eis Schoulkanner waren esou kréativ, dass de Cycle 3.1 vum läschte Schouljoër den 1.Preis gewonn hued.

Enn Deel vun dëser Ausstellung kenn dir während dem Nëssmaart den 20.10.2013 am Festsall bewonneren
.
 



Loscht, am neie Schouljoer nei Bicher kennen ze léiren

E Méindeg, de 7. Oktober 2013 war moies vill Liewen an der Bibliothéik.
Bis zu 70 Kanner pro Cycle vum Primaire hunn d’Tina Kemnitz kenne geléiert …  a mat him jeeweils 6 nei Bicher entdeckt!
All Wierk gouf duerch e Geräisch, eng geheimnisvoll Këscht, e kuerzt Gedicht, e Rätsel, …mat vill Spaass a Spannung virgestallt.

Zum Ofschloss krut jideree vun der Mme Kemnitz perséinlech d’Bicherlëscht um Sëlwertablette servéiert an hat och schon
opmannst ee Favorit deen en direkt wollt liesen.

Natierlech kann de Virwëtz an eiser Schoulbibliothéik gestëppelt an all dës Bicher do ausgeléint ginn.

Tolles Buch.de
Vill Spaass a gudd Ennerhaalung mam Rocco, Ella, Yoda a Co !




Office nationale de l'enfance

 

 

Schoul Agenda


16 Oktober 2013
C2.2 > Äppelhaus, Munsbach

17 Oktober 2013
Lasep > Vianden

24 Oktober 2013
Lasep > Ettelbruck

24 Oktober 2013
Elections RPE
Représentants des parents d'élèves

25 Oktober 2013
C4.2 >Visite Musée Tudor & Sources Rosport

26 Oktober 2013
Début vacances

6 November 2013
Assemblée générale APE
Association des parents d'élèves asbl


26 November 2013
C4.2 > Visite LTAM


 


 

Bibliothéik - Info



Informationen über alle verfügbaren Bücher oder um ein Buch zu reservieren



 

De Schoulbued ass och online verfügbar

Do fannt dir all nëtzlech Informatiounen iwwer d'Organisatioun vun der Schoul zu Mënsbech


 

       

 

 

Copyright © 2013 Schoul an der Dällt, All rights reserved.


Email Marketing Powered by Mailchimp
unsubscribe from this list | update subscription preferences